D’Gaasperecher Guiden a Scouten

verkafen dëst Joer nees Adventskränz an och Dierkränz.


Zur Auswiel stin verschidden Zorte Käerzen fir den Adventskränz (rout, wäiss, blo, orange, mof, taupe

an zwou Zorte Gréngs (Dänn an Thuja). 

 

Dierkränz gin et just am rouden mat Dänn als Gréngs.

 

Onse Käerzestock ass limitéiert...

Mir hu momentan nach all Faarwen op Stock, wann entretemps äer Faarf 

net méi sollt disponibel sinn kontaktéieren mer iech!

 

De Präis ass  40 € pro Adentskranz.

an

De Präis ass 30 € pro Dierkranz.

 

Dir kënnt ären Adventskranz/Dierkranz e Samschdeg, den 2. Dezember bei ons an d'Scoutshome sichen kommen

an dat vun 9-11 Auer oder mir liwweren iech en Heem. (just Gaasperech) 

 

 

Well d'Unzuel limitéiert ass, muss dir äere Kranz bis spéitstens den  11. November bei ons bestallt hunn.

 

(bezuelen mat Payconiq/Digicash méiglech)

Adventskänz

dierkranz


Onse Käerzestock ass limitéiert...

Mir hu momentan nach all Faarwen op Stock, wann entretemps äer Faarf net méi sollt disponibel sinn kontaktéieren mer iech!

MIR HUNN KENG BLO KÄERZEN MÉI

Hinweis: Bitte die mit * gekennzeichneten Felder ausfüllen.