D'Iddi vun engem neien Home kënnt op. Éischt positif Kontakter mat der Gemeng ginn opgeholl.
1999
Zesummen mat der Amicale ruffe mir en Aarbechtsgrupp an d'Liewen. Dëse Grupp huet als Missioun all eis Besoien ze klären a Kontakt mat enger Architekt opzehuelen.
2000
Am September kënnt eisen Architekt eng éischte Kéier mat der Gemeng zesummen. Am Oktober ginn déi éischt Pläng gemaach an et kënnt zu regelméissegen Réuniounen mat
der Gemeng.
2001
Am November froe mir e Subside beim Familljeministère un, dee mir schons am Dezember accordéiert kréien.
2002
Verschidden Pläng ginn ausgeschafft an ginn zesummen mat der Gemeng ënnert Lupp geholl. Am August gi mir eis mat der Gemeng iwwert e Plang eens an d'offiziell Demande fir de
Bau vum Home gëtt gestallt. Am November ass de Plang esouwäit, dass d'Gemeng den "Avant-Projet sommaire" kann iwwerreecht kréien.
2003
Abrëll gëtt en neien "Avant-Projet sommaire" agereecht. Verschidde Réuniounen mat der Gemeng ginn nach ofgehal. Ännerungen op de Pläng musse gemaach ginn. Am
November gëtt de läschten „Devis estimatif sommaire" agereecht.
2004
No weider Réuniounen mat der Gemeng, weider Ännerungen op de Pläng gëtt am Abrëll den Projet gestëmmt. Duerno geet eise Projet nach duerch den zweeten Vote an eist Home geet
an déi läscht Phase. D'Soumissioune lafen un an ginn verdeelt. De Bagger ka kommen.
2005
Endlech ass et esou wäit. Am Mäerz steet no 7 Joer plangen endlech de Bagger do! De Bau vun eisem neien Home huet ugefaangen.
Den 22. Mäerz em 14.00 gouf de Grondsteen geluegt an d'Straussfeier war den 19. September.
2006
De Bau vun eisem Home geet esou lues zu Enn. Den 28. Mäerz huet de Buergermeeschter eist Scoutshome offiziell ageweit.
2019
Den 19. Oktober krut ons Scoutshome en numm: Home Charel Bechet
B R A V O - M E R C I
Un dëser Stell wëlle mir profitéieren fir eisem Aarbechtsgrupp fir déi wonnerbar Aarbecht Merci ze soen fir déi wonnerbar Aarbecht, de Gemengeresponsabelen fir hiert grousst Entgéintkommen an
natirlech dem Här Wirtz, eisem Architekt, fir séng Gedold a séng flott Pläng. En spezielle Merci geet och un den Här Claude Wiseler an un d´Madame Sonja Adam fir hir groussaarteg Ënnerstetzung.